arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALVA lackert Vullegripp-Mesure

Vullegripp

|
headphones

1 min

ALVA lackert Vullegripp-Mesure

D’Situatioun ëm d'Vullegripp wier den Ament méi entspaant ma et wier trotzdeem nach ëmmer Virsiicht gebueden. Dat sot d’Dr. Caroline Merten, Directrice adjointe vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA am 100,7 Interview.

headphones

1 min

Vullegripp | © EPA/PATRICK PLEUL
Vullegripp (Foto: EPA/PATRICK PLEUL)

D'ALVA hätt dofir elo e puer Mesurë méi labber gemaach, ma Gefligelhalter wieren nach ëmmer dozou opgeruff virsiichteg am Ëmgang mat den Déieren ze sinn. D’Dr. Caroline Merten huet erkläert, datt een zënter engem Mount kee Fall vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg entdeckt hätt.

Dat géif awer net heeschen, dass een d’Vullegripp lass wier. Et kéint all Moment nees en neie Fall optrieden esou d’Dr. Caroline Merten. Fir de Risiko vun enger Infektioun mat der Vullegripp méiglechst niddereg ze halen, ginn et eng Partie Recommandatioune vun der ALVA.

Foiren nees erlaabt 

D'ALVA erlaabt elo, datt Vullenausstellunge nees dierfe stattfannen an och, datt d’Gefligelhalter hir Déieren net méi mussen dobannen aspären. 

"Dat heescht, d'Gefligel däerf erëm erausgoen."

Fir seng Déieren ze schütze soll een se awer weiderhin net dobausse fidderen an och Drénkplaze solle bannen amenagéiert ginn. D'ALVA appelléiert, datt een Hygiènesmoossname strikt anhale soll, well de Risiko vun enger Infektioun wier ëmmer nach do.