Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Fake Borders

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALEBA, OGBL an LCBG: Gemeinsame Reproche géint d'ABBL

Bankesecteur

ALEBA, OGBL an LCBG: Gemeinsame Reproche géint d'ABBL

Déi dräi Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB hu behaapt, d'ABBL hätt hinne gedreet. Wa si hire Fuerderungskatalog fir d'Kollektivverträg am Bankesecteur net géifen zeréckzéien, da wiere si Schold un zukünftegen Entloossungen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Déi dräi Vertrieder vun de Gewerkschafte weise sech entsat iwwer "d‘Arroganz vun de Vertrieder vum Bankesecteur". Et géif elo duergoen, soen d'Gewerkschaften. Si géifen hir Fuerderungen no enger linearer Lounerhéijung net zeréckhuelen. 

Nom Rekordgewënn, deen d'Banken an de leschte Méint vermellt hunn, wéilten och d'Salariéen e Stéck vum Kuch. Eng vun de Fuerderunge vun de Gewerkschaften ass d'Erhéijung vum Startgehalt ëm 4 Prozent.