arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ACEL: "Pensiounsreform gëtt deene Jonke keng Perspektiv"

Studentevertriedung

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

ACEL: "Pensiounsreform gëtt deene Jonke keng Perspektiv"

D'Studentevertriedung ACEL fäert, datt d'Pläng vun der Regierung zu enger Pensiounsreform ouni Perspektiv féieren. Eng Reform, déi nëmmen op kuerzfristeg Upassunge setzt, géif hiert Zil verfeelen, warnt d’Associatioun, déi d'Interesse vu ronn 10.000 Studente vertrëtt.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’ACEL hätt sech eng méi ambitiéis Reform gewënscht, déi eng laangfristeg Stabilitéit garantéiert hätt. Et wier verpasst ginn, deene Jonken eng Perspektiv ze ginn, bedauert den ACEL-President Gianni Di Paoli. Ënnert de Studente géif et Pessimismus ginn, wat d’Zukunft vum Pensiounssystem ugeet.

"Am Ufank ass vu 40 Joer geschwat ginn. Du wollt d'Regierung de System op 15 Joer sécheren an elo ass nëmmen nach vu 4 bis 5 Joer geschwat ginn. An dat ass awer net dat, wat de Jonken eng Perspektiv gëtt."

Déi Jonk am Nodeel

D'Haaptlaascht vun der Reform géif erëm op de Schëllere vun deene Leit déi schaffe leien, an domat besonnesch bei der jonker Generatioun, esou de President vun der ACEL. E Pensiounssystem misst op intergenerationeller Gerechtegkeet bestoen. Dat wier hei net de Fall.

"Wann een dann elo seet, datt déi, déi schaffe ginn , oder deemnächst schaffe ginn, da méi Cotisatioune bezuelen an och méi laang schaffe ginn, an datt awer déi, déi elo schonn an der Rent sinn oder gläich antrieden net wierklech wäerten eppes dozou bäidroen. Da si mer eigentlech der Meenung, datt et verpasst ginn ass eng Reform am Sënn vun der intergenerationeller Gerechtegkeet ze maachen."

Attraktivitéit vu Lëtzebuerg muss bäibehale ginn

Der ACEL no wier et wichteg, d'Vertrauen an de Pensiounssystem ze stäerken an d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg nom Studium ze erhalen.

"Insgesamt ass de Standuert natierlech nach ëmmer attraktiv, mee eise Pensiounssystem, wéi en ass, e séchere Pensiounssystem, wéi en ëmmer war, dréit awer zu deem Facteur bäi an ech mengen dat muss een elo mat der Zäit e bësse gesinn, wéi dat sech drop auswierkt."

Et géif een deene Jonken mat där heite Reform awer lo sécherlech keng Perspektiv fir e sécheren zukünftege Pensionssystem bidden, huet den Gianni Di Paoli nach ugemierkt.

D'Reform vum Pensiounssystem dierft am nächste Chamberwalkampf een Thema ginn. Dat ass och dem Gianni Di Paoli bewosst. Dofir formuléiert hien och gewëssen Erwaardungen un déi politesch Parteien.

"Eis Erwaardung ass natierlech ëmmer an deem Sënn, datt een einfach de Jonken eng Perspektiv gëtt a probéiert eng laangfristeg Léisung ze fannen. Ech menge mir sinn och net naiv, et wäert een net elo déi Wonnerléisung fannen, déi op véierzeg Joer wäert fonctionéieren. Mee et kann een awer wéinstens probéieren, datt et an déi Richtung geet an datt een sech méi e laangfristegen Horizont setzt. An dat ass dat, wou een awer definitiv sollt drop hi schaffen."

D'Vertriedung vun de Lëtzebuerger Studentencercele rechent domat, datt deemnächst erëm um Pensiounssystem muss geschrauft ginn. Néideg wier et dobäi op ee méi laangfristegen Horizont hinzeschaffen, esou de President vun der ACEL.

play_arrow Lauschteren