arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ A Spuenie gëtt et déi zweet offiziell Hëtztwell vum Joer

Klimawandel

|
reading time

1 min

A Spuenie gëtt et déi zweet offiziell Hëtztwell vum Joer

Zu Badajoz ass e Mann vu 85 Joer wéinst der Hëtzt gestuerwen. Dat huet d'Regierung vun der Regioun Extremadura am Weste vu Spuenie matgedeelt. Zu Badajoz an zu Córdoba an Andalusie ginn et den Ament Temperature vun 42 Grad. 

reading time

1 min

picture alliance / imageBROKER | Udo Herrmann | © Chris Zeien
picture alliance / imageBROKER | Udo Herrmann (Foto: Chris Zeien)

Op der spuenescher Vakanzeninsel Mallorca gouf d'Versuergung mat Waasser wéinst der aktueller Dréchent limitéiert. Dräi Deeg d'Woch ass d'Waasserversuergung op Mallorca deemno komplett zougedréit.

An a Frankräich gëtt et a verschiddenen Departementer nees en héije Risiko vu Bëschbränn. Am Departement Aude gëllt déi héchst Alarmstuf, rout. De Südweste vu Frankräich steet virun enger neier Hëtztperiod.