arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Thailand gëtt haut an engem Referendum iwwer d'Zukunft vun der Monarchie ofgestëmmt

Thailand

|
headphones

1 min

An Thailand gëtt haut an engem Referendum iwwer d'Zukunft vun der Monarchie ofgestëmmt

An Thailand sinn haut 53 Millioune Bierger:innen dozou opgeruff, een neit Parlament ze wielen. Virun allem awer huelen se un engem Referendum Deel, duerch deen d’Monarchie kéint reforméiert ginn.

headphones

1 min

© EPA/FRANCK ROBICHON
(Foto: EPA/FRANCK ROBICHON)

Et geet dobäi em d’Fro vun enger neier a méi demokratescher Verfaassung. Bei de Parlamentswalen hu sech 60 Parteien opgestallt.

Favorit wier de Sondage no déi progressiv Partei, déi Reformen proposéiert, ënner anerem der Ofännerung vum Gesetz iwwer d’Majestéits Beleidegung.

De Kinnek gëlt dem Gesetz no als intouchable, an am Fall vun enger Beleidegung riskéiert een eng liewenslänglech Prisongsstrof.