arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ A Frankräich ginn d'Temperaturen haut liicht erof

Héichpunkt iwwerschratt

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

A Frankräich ginn d'Temperaturen haut liicht erof

Den Dënschdeg war am Hexagon den Héichpunkt vun der Canicule erreecht ginn. Plazeweis war den Thermometer am Hexagon op iwwer 40 an 41 Grad geklommen, 16 Departementer, dorënner och Paräis an d'Île-de-France, stoungen ënner Vigilance rouge.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / PaulMaguire
(Foto: Bigstock / PaulMaguire)

Zënter fënnef Joer war dat net méi de Fall an der Île-de-France. Och wann d'Temperaturen haut e wéineg falen, bleiwe véier Departement just südlech vu Paräis ënner der héchster Warnstuf. A quasi all anerem Departement gëllt weiderhin d'Vigilance orange.

Den Dënschdeg ware wéinst der Hëtzt eng 1.900 Schoulen zoubliwwen, dat virun allem an der Île-de-France an der Haaptstad. Zu Paräis hat een den Dënschdeg déi héchst Stuf vum Plan Canicule aktivéiert. Fir de Leit Méiglechkeeten ze gi sech ofzekillen, sinn all d'Parken an der Stad d'Nuecht iwwer opbliwwen, och d'Piscinne waren den Dënschdeg bis 10 Auer owes op. Wéi de Chef vum Paräisser Samu de Frédéric Adnet sot, hätt ee wéinst der Hëtzt 30-40 Prozent méi Noutriff kritt.

Am Verglach mat de Joren 1971-2000 war den éischte Julidag zu Paräis den Dënschdeg 10 Grad méi waarm wéi den Duerchschnëtt. D'Lénkspartei La France Insoumise huet dowéinst en Noutfallplang virgestallt. De Plang gesäit ënner anerem eng besser Upassung vun den Aarbechtskonditiounen un d'Hëtzt vir. Zënter en Dënschdeg ass awer och en Dekreet vun der Regierung a Kraaft, deen dat sécherstellt. Zum Beispill duerch méi Pausen oder an deem kierperlech ustrengend Aarbecht net an de wäermste Stonne soll geleescht ginn.

play_arrow Lauschteren