arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ A Bolivie kënnegt sech no 20 Joer e Muechtwiessel un

Presidentewalen

|
reading time

1 min

A Bolivie kënnegt sech no 20 Joer e Muechtwiessel un

No de Presidentewalen a Bolivie kënnegt sech ee Muechtwiessel un: No der Auszielung vu bal alle Stëmme leien e chrëschtdemokrateschen an ee konservative Kandidat mat jeeweils ronn 30 Prozent vir. Deemno wäert et Mëtt Oktober zu enger Stéchwal tëschent de Kandidate Rodrigo Paz a Jorge Quiroga kommen.

reading time

1 min

De Rodrigo Paz Pereira kéint neie President vu Bolivie ginn. | © EPA/LUIS GANDARILLAS
De Rodrigo Paz Pereira kéint neie President vu Bolivie ginn. (Foto: EPA/LUIS GANDARILLAS)

No 20 Joer huet et deemno déi sozialistesch Partei MAS fir eng éischte Kéier net méi un d'Spëtzt gepackt. De President vu bis elo, de Luis Arce, hat net méi kandidéiert.

D'Walen a Bolivie si matten an enger schwéierer Wirtschaftskris, an där d'Land aktuell stécht.