Duerch d’cellule de crise déi am Joer 2021 gegrënnt gouf, hätt ee gutt op déi exzeptionell Situatioun reagéieren an d’Servicer entspriechend koordinéiere kënnen. Plazeweis waren an der Stad Lëtzebuerg bis zu 128 Liter Waasser op de Meter carré erofgefall. D’Peegele wieren awer manner héich gewiescht wéi nach am Juli 2021. An der Cellule de crise géif een elo analyséieren, wou déi Plaze wieren, déi am stäerkste betraff ware fir an Zukunft nach besser op esou Situatioune virbereet ze sinn, esou d’Lydie Polfer.
"Mir plangen de Moment zesummen natierlech mat dem Staat, mat de staatlechen Instanzen, un engem Héichwaasserschutzplang, well d'Stad Lëtzebuerg ass gewëss d'Haaptstad. Mee wéi Der wësst, et ass awer nëmmen 2 Prozent vum Territoire vun onsem Land. An esou Phenomener, déi musse global gekuckt ginn, national."