Si schéngen an engem albanesche kriminelle Milieu aktiv ze sinn an der Justiz scho fir organiséierten Drogenhandel bekannt ze sinn.
Si géifen den Ament verhéiert ginn. Donieft koum et zu 18 Perquisitiounen, virun allem an der Haaptstad Bréissel an zu Louvain.
De Julien Moinil ass zënter Ufank des Joers un der Spëtzt vum Parquet zu Bréissel a lieft zënter e puer Méint ënnert verstäerkter Police-Protektioun. Hie wëllt den Drogenhandel ganz streng bestrofen.
Rezent koum et an der Belsch zu enger Partie Schéissereien ënner Member vun Droge-Reseauen. Ee Kand vun 11 Joer gouf dobäi zu Anderlecht zu Bréissel a sengem Zëmmer duerch Glassplitter blesséiert.