arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 7 Milliounen Euro fir d'Trounwiessel-Festivitéiten eleng vum Staat

Staatsfinanzen

|
headphones

1 min

7 Milliounen Euro fir d'Trounwiessel-Festivitéiten eleng vum Staat

De Premier Luc Frieden huet um Dënschdegmëtteg an der Chamber preziséiert, datt d’Festivitéite ronderëm den Trounwiessel de Staat op d’mannst 7 Milliounen Euro kascht hätten. Et goufen zwee grouss Kontrakter (RTL-BCE a Group Atelier) mam Staat.

headphones

1 min

© SIP
(Foto: SIP)

De Group RTL-BCE hätt doriwwer fir d’Iwwerdroung vu Biller an Toun 3 Milliounen Euro kritt. An de Group Atelier, deen d’Evenementer an der Stad an an de Gemengen organiséiert huet, hätt 4 Millioune kritt.

Zousätzlech dozou kéimen awer nach aner Käschten, déi nach net am Detail comptabiliséiert goufen, esou nach de Luc Frieden.

Dat soll awer an de nächsten Deeg transparent matgedeelt ginn. D’Stad Lëtzebuerg wäert ee Méindeg Detailer zu de Käschte presentéieren, sot hirersäits d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.