D‘Enquête iwwert d‘Ursaach vum Feier wier am gaangen. Et geet een dovunner aus, datt d‘Feier geluecht gouf, esou de Premier.
D‘Feier war um 7. Stack vun engem Appartementshaus ugaangen. Nieft de 7 Doudesaffer goufen dräi Persounen zum deel liewensgeféierlech blesséiert. D'Pompjeeën hunn am Ganze 36 Leit gerett, dräi dovunner iwwer eng Leeder.
Nice: 7 morts après un violent feu d'appartement dans le quartier des Moulins pic.twitter.com/r3s8kObl3T
— BFMTV (@BFMTV) July 18, 2024