arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 68 Joer al Catherine Conolly als nei iresch Presidentin gewielt

Irland

|
headphones

1 min

68 Joer al Catherine Conolly als nei iresch Presidentin gewielt

An Irland gouf gëschter um Samschdeg eng nei Presidentin gewielt. D‘Catherine Conolly geet als Gewënnerin ervir. Déi 68 Joer al Politikerin konnt sech kloer géint hir Géigner duerchsetzen.

headphones

1 min

© Houses of the Oireachtas from Ireland
(Foto: Houses of the Oireachtas from Ireland)

Vu sech selwer seet déi geléiert Affekotin, si wéilt eng Presidentin vun all de Bierger:inne sinn, mee an der Haaptsaach vun deenen, déi dacks ausgeschloss wieren oder géife roueg gestallt ginn.

Déi 68 Joer al lénk Politikerin steet fir déi militäresch Neutralitéit, déi an Irland Traditioun huet, a wëllt keng weider Gelder an d‘Oprüstung stiechen.

Irland ass zwar Partner vun der NATO, mee kee Member.