arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 12 Mënsche kommen ëm d'Liewe bei enger Explosioun zu Islamabad

Pakistan

|
headphones

1 min

12 Mënsche kommen ëm d'Liewe bei enger Explosioun zu Islamabad

Op d‘mannst 12 Doudeger goufen et um Dënschdegmoien an der pakistanescher Haaptstad Islamabad. Do gouf et eng Explosioun virun engem Geriichtsgebai. Op d‘mannst 27 Mënsche wieren och blesséiert ginn.

headphones

1 min

EPA/SOHAIL SHAHZAD | © EPA/SOHAIL SHAHZAD
Explosioun zu Islamabad (Foto: EPA/SOHAIL SHAHZAD)

Déi radikalislamesch Taliban hunn d'Attack mëttlerweil revendiquéiert. Et war e Selbstmordattentat.

Op Videoen, déi op de soziale Medien zirkuléiert sinn, war en Auto ze gesinn, deen a Brand stoung.