Am Mäerz hat den Ekonomiesministère en Appel à projets lancéiert, fir Entreprisen dobäi ze ënnerstëtzen, hir Camionsflott op Elektro ëmzestellen. D’Initiativ wier e Succès gewiescht – an dowéinst geet et elo och an eng zweet Ronn.
Eng Uschafung, déi u sech deier ass
Den héijen Uschafungspräis ass ee vun den Haaptfacteuren, deen Entreprisen dovun ofhält, hir Camionsflott op Elektro ëmzestellen. Dowéinst gräift den Ekonomiesministère den Transportentreprisen elo finanziell ënner d’Äerm.
Bis zu 100 Prozent vun der Präisdifferenz zu engem vergläichbare Gefier mat Verbrennungsmotor kënne si mat dëser Mesure rembourséiert kréien.
Et kënnt och op d'Luedstatiounen un
An den Interessi wier grouss gewiescht: 23 Demandë wieren zeréckbehale ginn, wéi de Minister Lex Delles ënnersträicht.
"Mat 56 elektresche Camionen, déi also wäerten an deenen nächste Wochen, Méint op de lëtzebuergesche Stroosse fueren an och international wäerte fueren a voll elektresch. Parallel dozou hu mir awer och an deem nämmlechten Appel à projet d'Structure-de-rechargë mat subventionéiert."
Hei wiere 16 vun 21 Projeten zeréckbehale ginn, mat enger Gesamtleeschtung vun 18 Megawatt.
Schliisslech géifen d’Structure-de-rechargë fir d’Camionen Hand an Hand goe mam Asaz vun den elektresche Camionen, esou de Minister Lex Delles.
Eng grouss Evolutioun am Secteur
De Minister huet dann och drop higewisen, datt bei der Elektrifikatioun vun de Camionen, awer och bei der Infrastruktur, an der Lescht eng immens grouss Evolutioun stattfonnt hätt.
"Et gesäit een, datt iwwer déi lescht Joren d'Elektrifikatioun vun de Camionen, also schwéier Camione, weiderkomm ass. Éischtens emol wat d'Autonomie vun de Camionen ugeet. Et huet kee wäert, datt e Camion kaf gëtt vu Poids lourds, dee 50 Kilometer nëmme ka fueren, mat enger Recharge an da muss en zwou Stonn laang opgeluede ginn. Do gesi mir also, datt technologesch et scho vill méi wäit weidergaangen ass."
Den zweete Volet wier d'Infrastruktur fir kënnen opzelueden. An do gëtt et op europäeschem Niveau verschidden Obligatiounen, déi d'Memberstaaten hunn. All esou vill Kilometer muss eng Charge rapide fir Camione bis 2027 als Tëschenzil, a bis 2030 als Grousszil op den Infrastrukturen op den Autobunne sinn.
Eng Firma weist, wéi et goe kann
Eng Entreprise, déi schonn zënter 2024 Erfarunge mat elektresch bedriwwene Camione sammelt, ass déi lëtzebuergesch Logistikfirma Interoute. Scho virum Lancement vun de Subsiden hätt een an 10 elektresch bedriwwe Camionnetten an zwee Camionen investéiert, esou den Direkter Luc Montoy bei den Electric sessions, wou hie vu bis ewell gréisstendeels positiven Erfarunge verzielt huet, och wann natierlech ni alles rosarout wier.
E grousse Virdeel fir Interoute: D’Gefierer ginn an éischter Linn op lokalem Niveau agesat, also an der Ëmgéigend vum Firmesëtz, wou een dann och seng eege Luede-Infrastruktur zur Verfügung huet.
Op den operationelle Betrib hätt den Ëmstig keng weider Auswierkunge gehat an och de Fait, datt d’Gefierer opgeluede musse ginn, wier an hirem Fall a kengster Weis problematesch – stoe géife se souwisou reegelméisseg.
"Donc de ce fait là, les véhicules restent arrêtés pendant quand même plusieurs heures d'affilée et on arrive à recharger sur site. Ce qui est un point clé dans notre utilisation. On ne peut pas imaginer à un moment donné dans une tournée s'arrêter pendant deux heures et recharger un véhicule."
Beléift bei de Chauffeuren
De Feedback vun de Chauffeure wier iwwerdeems immens positiv: Manner Kaméidi, manner Ofgasen a keng Hänn, déi no Diesel richen.
Wéi de Minister Lex Delles annoncéiert huet, gëtt nom Succès vun der éischter Editioun elo den 20. Juli en zweeten Appel d’offres lancéiert. Deemno hëlt de Staat nach eng Kéier 10 Milliounen Euro an de Grapp, fir Transportentreprisë beim Kaf vun Elektrocamionen a bei der Installatioun vu Bornen ze ënnerstëtzen.
Interesséiert Firme kënnen hiren Dossier fir dësen zweeten Appel à projets bis den 18 September eraginn.