Et handelt sech ëm ee Mesurëpak, deen de Regierungsrot gëschter um Mëttwoch ugeholl huet. Aktuell läit d'Ufanksgehalt bei der Arméi bei 2.160 Euro.
Generell sollen d‘Rekrutementsméiglechkeete méi breet opgoen. Esou sollen och EU-Bierger:innen, déi net am Land wunnen, an d‘Arméi kënnen agebonne ginn.