arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 500 Milliounen Euro méi an der Keess: Staatsrecettë profitéiere vun enger Ierfschaft

Staatsfinanzen

|
reading time

1 min

500 Milliounen Euro méi an der Keess: Staatsrecettë profitéiere vun enger Ierfschaft

D'Recettë vum Staat si gewuess, an dat virun allem dank enger Ierfschaft vu bal 500 Milliounen Euro. Par conter sinn d'Recetten iwwer d‘Akzisen um Tubak am Verglach zum leschte Joer liicht zeréckgaang. D‘Staatsfinanze bleiwen insgesamt weider am Minus.

reading time

1 min

D‘Staatsfinanze si substantiell an d‘Luucht gaangen – nämlech duerch eng Ierfschaft vu bal 500 Milliounen Euro. Dat gouf de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt.

Eng Recette, déi nawell fir Diskussioune gesuergt huet: Ouni dës eemoleg Zomm wieren d‘Recetten nämlech däitlech manner gewuess wéi d‘Ausgaben, esou d‘Analys vun enger Partie Deputéierter.

Akzisen um Tubak: Manner Recettë wéinst verstäerkte Grenzkontrollen?

D‘Recetten iwwer d‘Akzisen um Tubak sinn iwwerdeems am Verglach mam selwechten Zäitraum d‘lescht Joer ëm ronn 4 Prozent zeréck gaangen a leien elo bei 621 Milliounen Euro.

Ee Grond fir dëse Réckgang kéinten déi verstäerkt Grenzkontrollen an den Nopeschlänner sinn, esou nach de Minister. 

De Gilles Roth ass iwwerdeems zouversichtlech, datt d‘Scholden ënner dem Seuil vun 30 Prozent vum PIB bleiwen. Den Ament läit se mat 26,5 Milliard Euro bei knapp iwwer 28 Prozent.