Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 50 Joer Nelkerevolutioun

Expo am Nationalmusé

50 Joer Nelkerevolutioun

Haut ass e wichtegen Dag fir Portugal, fir d’Portugisen an och fir d’Leit an de fréiere portugisesche Kolonien. Viru 50 Joer, de 25. Abrëll 1974, war nämlech e Militärputsch, deen der Diktatur en Enn gesat, an der Demokratie de Wee fräi gemaach huet. Un dee Joresdag gëtt och hei zu Lëtzebuerg erënnert, mat enger Expo am Musée um Fëschmaart.

auto_stories

5 min

headphones

23 min

play_arrow
Foto: Corbis

Portugal war zënter den 1930er Joren eng Diktatur. Verbonne mam Numm António de Oliveira Salazar, dee seng Muecht ëmmer méi ausgebaut, d’Parlament ofgeschaaft, op Repressioun gesat a säi Vollek kleng gehalen huet. “Estado novo” (neie Staat) huet hien dat genannt. Dem Land a senge Leit goung et awer ëmmer méi schlecht, well nëmmen déi mannst e schéint Liewen haten a well et och wirtschaftlech ëmmer méi biergof goung.

D‘Auswierkunge vun där schlechter wirtschaftlecher Situatioun an der Frustratioun ënner den Zaldoten huet dunn de 25. Abrëll 1974 engem Putsch an zu enger friddlecher Revolutioun gefouert, der sougenannter Nelkenrevolutioun.

Firwat „Nelkerevolutioun“?

D'Revolutioun selwer ass deemools relativ friddlech iwwer d'Bün gaangen. 4 Leit sinn awer wéinst enger Iwwerreaktioun vun der politescher Police (PIDE) ëm d'Liewe komm. D'Revolutioun ass als Nelkerevolutioun an d'Geschicht agaangen an dat Bild vun enger Blumm am Laf vun engem Gewier ass net just eng Metapher, mee huet e reellen Hannergrond, seet de Regis Moes vum Nationalmusée.

"Et gëtt Temoignagë vun enger Persoun, déi déi Blummen an e Restaurant sollt bréngen, deen sollt Anniversaire feieren. Natierlech war de Restaurant pour cause de révolution zou. An déi Madamm ass dunn awer virwëtze gaangen op de Rossio an do hat si en Zaldot, deen op sengem Panzer souz, ugeschwat. An deen hätt hir just mat der Hand gewisen, hie wéilt eng Zigarett. Si hat awer keng an du huet se him déi Nelke ginn, déi si dobäi hat, dee si an de Laf vu sengem Gewier gestach huet. An dunn hunn anerer dat nogemaach."

Eng Foto aus der Expositioun am Nationalmusée | © Nationalmusée
Eng Foto aus der Expositioun am Nationalmusée (Foto: Nationalmusée)

Dono huet d‘Blumm och an der Aarbechterbeweegung eng grouss Roll gespillt.

Den 1. Mee no der Revolutioun waren zu Lissabon zum Beispill 500.000 Mënschen an de Stroossen, vill vun hinne mat wäissen oder rouden Nelken.

Zu Lëtzebuerg net um Educatiounsplang

Vill Leit zu Lëtzebuerg wëssen net genee, wat déi Zäit a Portugal lass war. Warscheinlech och, well d‘Theema net op de Léierpläng virkënnt, obwuel no der Revolutioun vill Portugisen op Lëtzebuerg ausgewandert sinn an et zu Lëtzebuerg eng grouss portugisesch Communautéit gëtt.

Dofir hätt ee probéiert fir d‘éischt ze erklären, wouran d‘Diktatur bestanen huet, seet d‘Isabelle Maas vum Nationalmusée. Donieft ginn natierlech och d‘Grënn fir d‘Revolutioun erkläert, ouni awer déi politesch a perséinlech Relatiounen op Lëtzebuerg aus den Aen ze verléieren.

Roud Nelken an e Radio an der Expo iwwer d'Nelkerevolutioun am Nationalmusée. | © Nationalmusée
Roud Nelken an e Radio an der Expo iwwer d'Nelkerevolutioun am Nationalmusée. (Foto: Nationalmusée)

D'Portugisesch Police hat Lienen op Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg waren nämlech Informateure vun der PIDE aktiv: Dat heescht, wann een zu där Zäit zu Lëtzebuerg politesch aktiv war, huet ee riskéiert fichéiert ze ginn. Den MNHA presentéiert och d'Ausso vun engem Portugis, iwwer dee Lëtzebuerger Autoritéiten Informatioune mat der PIDE ausgetosch huet. Fir 5 aner Portugise war dat och de Fall, 3 vun hinne sinn deemools ausgewise ginn an een anere souz dono och a Portugal am Prisong.

Déi Praxis misst een awer an de Kontext vun der Zäit setzen, seet de Regis Moes. De Salazar-Regimm wier Member vun der NATO a vun der Interpol gewiescht an dowéinst hätt Lëtzebuerg mat Portugal kooperéiert.

Lauschterenplay_arrow