arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 5 Journaliste stierwe bei israeelescher Attack a Gaza

Al Jazeera

|
headphones

2 min

5 Journaliste stierwe bei israeelescher Attack a Gaza

Den arabeschen Noriichtesender Al Jazeera deelt mat, datt fënnef vu senge Journaliste bei enger israeelescher Attack op en Zelt zu Gaza ëm d'Liewe koumen. Déi arabesch Tëleeschaîne, déi am Katar baséiert ass, sot: Alles géif op eng gezielten Attack vun Israel hiweisen.

headphones

2 min

Ënner den Doudesaffer ass de Journalist Anas al-Sharif. Hien ass ganz bekannt bei de Spectateure vun Al-Jazeera. Déi israeelesch Arméi huet confirméiert: Si hätt den Anas al-Sharif bewosst viséiert. Hien hätt sech als Journalist ausginn, mee wär a Wierklechkeet de Chef vun enger terroristescher Zell vun der Hamas gewiescht, esou déi israeelesch Arméi.

Israel erlaabt der auslännescher Press net fräi an der Gazasträif ze schaffen. Nëmmen heiansdo dierfe Journaliste mat der israeelescher Arméi op den Terrain goen, mee hir Reportagë gi strikt zensuréiert.

Israel hält u Kontrollpläng fir Gazasträif fest

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu verteidegt iwwerdeems weider de Plang vun der israeelescher Regierung fir d'Stad Gaza ganz ënner israeelesch Kontroll ze bréngen. Dat wier de beschte Wee fir de Krich op en Enn ze bréngen a fir d'Populatioun an der Gazasträif vun der Hamas ze befreien. Hien hätt dofir senger Arméi den Uerder ginn, dee Plang elo séier ëmzesetzen, esou den israeelesche Regierungschef op enger Pressekonferenz zu Jerusalem.

International Communautéit kritiséiert Israel

Gläichzäiteg gouf et weider schaarf Kritik um Plang vun Israel bei enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum UNO-Sécherheetsrot. Fënnef europäesch Länner, dorënner Frankräich a Groussbritannien, hunn Israel opgeruff, dee Plang net ëmzesetzen. Eng Besetzung vun der Stad Gaza kéint géint internationaalt Recht verstoussen a géif déi humanitär Katastroph an der Gazasträif nach verschlëmmeren.

Netanjahu kritiséiert international Medien

De Benjamin Netanjahu huet op der Pressekonferenz internationale Medie virgehäit, Lige vun der Hamas a falsch Informatiounen iwwer de Krich an der Gazasträif ze verbreeden. Israel géif d'Populatioun do net erhéngere loossen, mee d'Hamas géif verhënneren, datt d'Hëllef bei de Leit ukënnt. D'Hamas wier responsabel, datt de Krich nach net eriwwer ass an d'Geiselen nach net fräi sinn, esou den israeelesche Premier.