Bei der Explosioun am August 2020 waren iwwer 200 Mënsche gestuerwen, et goufen iwwer 6.000 Blesséierter a ganz Deeler vun der libanesescher Haaptstad waren zerstéiert ginn.
Honnerten Tonne vun enger héich-explosiver Chemikalie waren iwwer Joren ouni Sécherheetsmesurë stockéiert ginn.
Enquête ouni Resultater
Bis haut gouf kee fir d’Explosioun zur Rechenschaft gezunn: D’Justiz gëtt behënnert an et gëtt massiv Korruptioun, esou Mënscherechts-Organisatiounen. Si fuerdere vun de libaneeseschen Autoritéiten, datt et eng ëmfaassend Enquête ouni Behënnerunge soll ginn.