arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fënnef Joer Prisong fir de fréiere franséische President Nicolas Sarkozy

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fënnef Joer Prisong fir de fréiere franséische President Nicolas Sarkozy

Den Nicolas Sarkozy gouf am Prozess wéinst Verdacht op illegale Walkampffinanzéierung zu 5 Joer Prisong verurteelt. Dat mat Mandat de dépot à effet différé. Dat heescht, datt hien net onbedéngt direkt an de Prisong kënnt, mee bannent engem Mount en Datum kritt fir seng Strof unzetrieden.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Nicolas Sarkozy (lénks) a seng Fra Carla Bruni-Sarkozy (riets) wéi se am Geriicht zu Paräis ukommen | © EPA/Teresa Suarez
Den Nicolas Sarkozy (lénks) a seng Fra Carla Bruni-Sarkozy (riets) wéi se am Geriicht zu Paräis ukommen (Foto: EPA/Teresa Suarez)

De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy gouf am Prozess ronderëm Walkampfgelder aus Libyen zu fënnef Joer Prison verurteelt. Hie gouf schëlleg gesprach fir Deel vun enger krimineller Vereenegung gewiescht ze sinn. 

Ouni Sursis huet d’Paräisser Strofgeriicht d'Prisongsstrof fir de fréiere franséische President ausgeschwat. Den 13. Oktober gëtt den Nicolas Sarkozy gewuer, wéini hien an de Prisong muss. Sécher ass, datt net op den Appellprozess gewaart gëtt, bis hie seng Prisongsstrof untriede muss. 

"Ech sinn onschëlleg"

Direkt no der Annonce vun der Strof haut, huet de fréiere franséische Staatschef vun der Droite weider behaapt, hie wier onschëlleg an hie géif an Appell goen.

“J'assumerai mes responsabilités, je déférerai aux convocations de la justice, et s'ils veulent absolument que je dorme en prison, je dormirai en prison. Mais la tête est haute, je suis innocent. Cette injustice est un scandale, je ne m'excuse pas de quelque chose que je n'ai pas fait.”

Schëlleg Deel vu krimineller Vereenegung ze sinn

Den Nicolas Sarkozy war President vu Frankräich vun 2007 bis 2012. Hie krut de Prozess gemaach wéinst der Libyen-Affär an dem Virworf, fir de Presidentschaftswalkampf 2007 illegal Sue vun der libescher Féierung ënnert dem Muammar Gaddafi kritt ze hunn.

Am Punkt “Deel vun enger krimineller Vereenegung” ze sinn, gouf eng Schold beim Ex-Staatschef gesinn, an anere Punkten, wéi Bestiechlechkeet oder illegaler Walkampffinanzéierung net. Dofir wieren et ze vill widderspréchlech Aussoe ginn, esou d’Geriicht. 

play_arrow Lauschteren