Nodeems d'Affer op der Plaz en éischt Traitement krut, gouf d'Persoun fir weider Behandlungen an d'Spidol bruecht. Duerch eng direkt Fahndung konnt eng Policepatrull kuerz drop fënnef Leit an engem Gefier ausmaachen.
Déi presuméiert Täter goufe mat op de Policebüro geholl. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl a koumen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter .