D'Camionnette an een Auto ware gëschter um Méindegowend kuerz no 18 Auer op der N15 tëschent Feelen an Heischent frontal anenee geknuppt a komplett ausgebrannt.
De Chauffer vun Adapto an de Passagéier sinn dobäi gestuerwen, grad ewéi déi 3 Leit am Auto.
Well d'Affer komplett verbrannt sinn, misste genetesch Analyse gemaach ginn, fir d'Identitéit festzestellen, esou de Justizspriecher.
Weider Informatiounen iwwer d'Ëmstänn vum Accident feelen.
De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz an d'Streck war wéinst den Opraumaarbechte gespaart ginn.