Zu New York gouf et 5 Doudeger bei enger Schéisserei an engem Bürosgebai am Quartier Manhattan. Den Täter, e Mann vu 27 Joer, huet sech no der Dot selwer erschoss. Hie war mat engem Gewier an d‘Gebai gaangen an huet do op Leit geschoss.
Schéisserei Ney York (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | John Nacion/Geisler-Fotopress)
Ënner den Doudesaffer ass en New Yorker Polizist, deen aus Bangladesch an d'USA immigréiert war.
Iwwer e méiglecht Motiv vun der Dot ginn et nach keng Informatiounen. D'Police geet vun engem Eenzeltäter aus. Op enger Pressekonferenz huet d'Police matgedeelt, datt de 27-Joer ale Verdächtegen zu Las Vegas gewunnt hätt an eng Virgeschicht vu psycheschen Erkrankungen hat.