5.7. Riicht eraus mam Georges Mischo (CSV)

Georges Mischo CSV

Den Escher Schäfferot huet de Vott iwwer den neie Bebauungsplang vun der zweetgréisster Gemeng am Land op den Hierscht reportéiert. Et gouf Kritik, well déi schwaarz-blo-gréng Koalitioun wollt Co-Locatiounen an Eefamilljenhaiser limitéieren. Iwwer seng Ziler, mee och seng eventuell Feeler an dësem Dossier schwätzt de Jean-Claude Franck mam 45 Joer-alen Député-Maire vun Esch (CSV).

Mam President vun der ASBLEsch 2022 geet och rieds iwwer de Projet vun der Kulturhaaptstad 2022. A mir kucken an der Zäit vun enger méiglecher zweeter Well vum Coronavirus op d'Defie fir den Escher Centre Hospitalier Emile Mayrisch, well de Georges Mischo ass och President vum CHEM.


Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen