arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 5.000 gefälschte Luxus-Produiten an der Stad an zu Esch confisquéiert

Police deelt mat

|
headphones

1 min

5.000 gefälschte Luxus-Produiten an der Stad an zu Esch confisquéiert

D‘Police huet bei Perquisitiounen a Geschäfter zu Esch an an der Stad gréisser Quantitéite vu gefälschte Wuere fonnt. Wéi d‘Police haut um Mëttwoch matdeelt, goufen Enn November bei Hausduerchsuchungen a Geschäfter am Ganze 5.000 gefälschte Produite vu Luxusmarke confisquéiert.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Et sinn iwwer 19.000 Euro Boergeld séchergestallt ginn. Et gouf eng Enquête lancéiert.