arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 44 Entreprisë froe Kuerzaarbecht un

Comité de conjoncture

|
headphones

1 min

44 Entreprisë froe Kuerzaarbecht un

Fir den August hunn am ganze 44 Entreprisë Kuerzarbecht ugefrot, dat sinn der 10 manner wéi nach de Mount virdrun.

headphones

1 min

© Bigstock / Phongphan
(Foto: Bigstock / Phongphan)

Déi Zuele ginn aus dem Comité de conjoncture ervir. 37 vun deenen Entreprisë kruten de chômage partiel accordéiert. Dorënner sinn der 8 mat lien zu engem plan de maintien de l‘emploi. De Chiffer vun de concernéierte Salariéeë beleeft sech deemno op ronn 3.700. Dës Zuele sinn awer nach à titre indicatif, den definitive Bilan gëtt et 3 Méint nodeems d‘Demanden agereecht goufen.