Grad dëser Deeg war vill op de Felder lass. D'Baueren hu vum dréchne Wierder profitéiert, fir d’Hee eran ze huelen. Aktuell huet d’ASBL nach keen Iwwerbléck, wéi vill Déieren si konnte retten. D’lescht Joer waren et der am ganzen awer 428.
“Sauvons Bambi” mécht een Appell un d’Baueren, si ze ruffen, ier geméit gëtt. Si fléien da mat enger Dron mat Wärmebildkameraen iwwert d’Feld. Wa si esou en Déier entdecken, huele si et virsiichteg an no enger ganz bestëmmter Prozedur ewech. Wa bis geméit ass, setze si et nees dohinner.
Et géif dann net laang daueren, bis d’Mamm dohinner kënnt an dat Kléngt erëm mat hellt, seet de Georges Fohl.
Besser Koordinatioun
D’Associatioun huet aktuell eng Kooperatioun mat 6 Gemengen am Weste vum Land, déi léinen der ASBL hir Dronen. Et wieren awer weider Gemengen interesséiert, esou datt ee mat 10 zesumme schafft.
An anere Regioune sichen och d’Jeeër oder d’Bauere selwer d’Felder of. De Georges Fohl hofft, datt een déi Aarbecht am Kontext vum Landwirtschaftsdësch vum 22. Juli besser koordinéiert kritt.
Dat Alles ass vill Aarbecht. D’ASBL huet aktuell 5 Piloten, déi mat den Drone kenne fléien. Dernieft hu si weider Leit, déi hëllefen, d’Deieren ze retten. "Et geet awer net duer", seet de Georges Fohl. Et wier ebe schwéier Leit ze fannen, déi meeschtens relativ kuerzfristeg disponibel sinn.
Net nëmme Bambien
“Sauvons Bambi” rett iwweregens net nëmme Réikitz, mee och aner Deieren, déi si um Feld entdecken. Woubäi et do et net esou urgent wier, seet de Georges Fohl. Igelen zum Beispill géife sech esou wäit an de Buedem vergruewen, datt e Mädrescher driwwer kennt.