4. Editioun vum 100,7 radiopräis fir dat bescht Hörspill
Thema: Urban Legends
D'"urban Mythen" sinn en Deel vun den zäitgenësseschen Traditiounen, Soen a Legenden - an heiansdo och vun der Geschicht. Dacks hunn dës "Mythen", egal ob richteg oder falsch, e Lien mat enger bestëmmter Plaz an eise Stied an Dierfer. De Genius Loci also, verbonne mat erfonnten oder reelle Geschichten, Geschichten déi Angscht maachen, Geschichten déi virtuell oder parallel Realitéiten ervirruffen.
Fir déi 4. Editioun vum 100,7 radiopräis brénge mir de Medium Radio - wou et jo am Wesentlechen drëm geet, fir Geschichten z'erzielen - zesumme mat dem urbane Mythos, enger moderner Erzielung, reell oder net, gepräägt vun Awerglawen, oder einfach nëmmen enger falscher Informatioun. Wichteg fir eis ass et, eng dezentraliséiert Kreativitéit ze stimuléieren: den urbane Mythos, dee mir sichen, soll sech net op grouss Metropolen oder Stadzentre limitéieren, mee iwwer den Tellerrand erauskucken.
Maacht mat beim 100,7 radiopräis an erzielt eis ären urbane Mythos!
Wat genee ass den 100,7 radiopräis?
De radiopräis ass en Hörspill-Concours, deen 2018 fir d'véierte Kéier vum radio 100,7 ausgeschriwwe gëtt. Eng international Jury priméiert dat bescht Hörspill-Manuskript. Hörspiller sinn akustesch dramatiséiert Inszenéierunge vu Geschichte mat verdeelte Spriecherrollen, Geräischer a Musek. Erlaabt sinn all literaresch Approchen - z. B. Science-Fiction, Satir, Krimi oder recherchéiert Dokumentatioun - ënner der Viraussetzung, datt si als Hörspill fir de Radio ze vertoune sinn. D'Manuskripter kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch redigéiert ginn a musse bis spéitstens den 31. Oktober 2018 agereecht ginn.
Wien däerf matmaachen?
De Concours ass op fir all Auteure vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Och Kollektiv-Aarbechte sinn zougelooss. De radiopräis ass mat 3.500 Euro dotéiert. Dat priméiert Wierk gëtt vum radio 100,7 produzéiert an op der Antenn diffuséiert. De Gewënner gëtt Ufank 2019 verkënnegt.
Weider Informatiounen: vberdi@100komma7.lu