36. Concours des Jeunes Solistes & radio 100,7-Pianospräis

UGDA - 35e Concours pour Jeunes Solistes, Conservatoire de la Ville de Luxembourg

Wéi vilfälteg déi jonk klassesch Musekszeen hei am Land ass, weist all Joer op en neits de Concours des Jeunes Solistes vun der UGDA. Dëst Joer sinn d'Epreuven den 10. November vun 9 bis 17 Auer am Stater Conservatoire.

Den Ofschlossconcert vum Orchestre d'Harmonie des Jeunes de l'Union Européenne ënner der Direktioun vum Jan Cober ass um 17:30. Dëse Concert gëtt vum radio 100,7 opgeholl an zu engem spéideren Zäitpunkt diffuséiert.

D'Resultater vun de Gewënner gi géint 19 Auer verkënnegt.
De radio 100,7 iwwerreecht dëst Joer fir d'éischte Kéier de radio 100,7-Pianospräis. De Gewënner oder d'Gewënnerin kritt déi eemoleg Geleeënheet fir am Studio vum radio 100,7 um Fligel ze spillen an e professionellen Demoband opzehuelen.

An den Deeg virum Concours huet d'Klassikredaktioun vum 100,7 an der Emissioun Resonanzen Kandidate virgestallt: De Val Kravos ass 14 Joer al a spillt Piano; d'Tracey Lamberty huet 19 Joer a spillt Trompett an den Daniel Migliosi ass 15 Joer jonk a léiert och Trompett. Déi jonk Museker ginn en Abléck an hir musikalesch Entwécklung an d'Virbereedungen op de Concours.

Den Direkter vun der UGDA, Paul Scholer, huet de 36. Concours des Jeunes Solistes am Moies-Magazin presentéiert.

D'Entrée fir bei den Epreuven, dem Ofschlossconcert an der Präisiwwerreechung dobäi ze sinn ass gratis. W.e.g. reservéiert Är Plaz um: (+352) 22 05 58-39

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen