arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 30 Milliounen Euro aus Sparkasse-Filial geklaut: Police muss Clientë berouegen

Gelsenkirchen

|
headphones

1 min

30 Milliounen Euro aus Sparkasse-Filial geklaut: Police muss Clientë berouegen

An Däitschland hätten d‘Täter beim Abroch an eng Sparkasse-Filial zu Gelsenkirchen ronn 30 Milliounen Euro geklaut. Dovu géifen d‘Enquêteuren an enger éischter Schätzung ausgoen. Beonrouegt Clienten hu sech iwwerdeems virun der Filial versammelt.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

Et wieren 3.200 Bank-Coffre-forten opgebrach ginn, esou déi däitsch Presseagence mat Verweis op Sécherheetskreesser. 

D‘Bank bleift iwwerdeems och um zweeten Dag nom Abroch weider zou an och haut hätte sech erëm bal 200 beonrouegt Leit virun der Filial versammelt.

D‘Lag hätt riskéiert ze eskaléieren. D‘Police huet missten agräifen.

Den Abroch war an der Nuecht op e Méindeg entdeckt ginn, wéi Pompjeeën a Polizisten d‘Gebai wéinst engem Feieralarm duerchsicht hunn. D‘Déif haten een Duerchbroch an den Tresorraum gemaach.