arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 3 weider Persounen am Kader vun der Caritas-Affär festgeholl

Parquet

|
headphones

1 min

3 weider Persounen am Kader vun der Caritas-Affär festgeholl

Wéi de Parquet matdeelt, goufen et gëschter um Dënschdeg parallel Police-Aktiounen an England, Bulgarien, Frankräich an Italien. Bei deene Perquisitioune waren och 12 Membere vun der Lëtzebuerger Police judicaire um Terrain mat dobäi.

headphones

1 min

Et handelt sech ëm déi sougenannte "Caritas-Operatioun Phas 3“, wou et ëm presuméiert Recruteure geet, déi involvéiert waren, fir spuenesch Bankkonten anzeriichten fir déi detournéiert Sue vun der Caritas drop ze iwwerweisen. 

Ausliwwerung u Lëtzebuerg

Bei de Perquisitiounen an England, Bulgarien, Frankräich an Italien, sinn och Handyen, Laptoppen, Harddisken a Bankdokumenter saiséiert ginn. Déi 3 Persounen, déi festgeholl goufen, sollen an den nächste Wochen u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

Enn Oktober waren et scho Perquisitiounen a Frankräich ginn, wou och 3 Persoune verhéiert gi waren. D’Enquête leeft zënter Juli 2024, wéi opgeflunn ass, datt wärend fënnef Méint 61 Milliounen Euro duerch e Bedruch bei der Caritas verschwonne sinn.