arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 3 Zänn vun engem Flugsaurier goufe fonnt

Net wäit vun Iechternach fort

|
headphones

1 min

3 Zänn vun engem Flugsaurier goufe fonnt

Zu Ernzen an Däitschland, no bei Iechternach, hu Visiteure vum Dinosaurierpark Teufelsschlucht 3 Zänn vun engem Flugsaurier fonnt. Dee soll virun circa 210 Millioune Joer an der Südäifel gelieft hunn.

headphones

1 min

© Joschua Knüppe/Dinosaurierpark Teufelsschlucht
(Foto: Joschua Knüppe/Dinosaurierpark Teufelsschlucht)

Dat ass déi bis elo eelst Spuer an Däitschland vun esou engem Flugsaurier. Deen huet Fësch giess a war ongeféier esou grouss wéi eng Méiw. Bis elo ware just an Italie Spuere vun esou Flugsaurier fonnt ginn.