A Südeuropa léisst d'Hëtztwell net no. Op d'mannst dräi Mënsche koume bis elo wéinst der Hëtzt an de Bëschbränn ëm d'Liewen. Déi héchst Warnstufe rout gëllt haut weider an Deeler vu Frankräich, Italien, Spuenien, Portugal an a verschiddene Balkanlänner.
D'Autoritéite warne viru liewensgeféierleche Konditioune bei Temperature vun iwwer 40 Grad. A Spuenie sinn haut bis zu 44 Grad zu Sevilla a Cordoba gemellt, och a Süd-Portugal soll den Thermometer op 44 Grad klammen.
Dausende Pompjeeën an Zaldote kämpfe géint Bëschbränn an ënner anerem Spuenien, Portugal a Griichenland. Dausende Leit goufen evakuéiert.