Fabienne Hollwege

Vum 18.-24.1. ënnerhale mir eis mat der Schauspillerin a Kënschtlerin iwwer Konscht am Alldag a villes méi: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.

Parkour Gérald Dumont After WIP.jpg

Den 22. Dezember um 20:00 erwaart Iech eng ganz besonnesch Editioun vum After WIP: dem Gérald Dumont säi "Parkour". D'Stéck war souwisou als Radiosemissioun konzipéiert an dofir gouf dës Soirée ganz einfach op de radio 100,7 "transponéiert".

Aircheck mat Great Mountain Fire

Dëse Samschdeg war déi nächst Aircheck-Session an der Kulturfabrik. Dëse Concert gouf um 17 Auer um radio 100,7 iwwerdroen. Op der Affiche: déi belsch Pop-Formatioun Great Mountain Fire. Si hunn dëst Joer hiren drëtten Opus "Movements" erausbruecht.

Riicht Eraus: Hallefzäit fir d'Gemengewalen

Et ass Hallefzäit tëschent de Gemengewale vun 2017 an 2023. Mir maache mat Gemengeresponsabelen een Tëschebilan: Simone Massard-Stitz (CSV) Sandweiler; Pascale Hansen (DP) Bettenduerf; Simone Asselborn-Bintz (LSAP) Suessem.

Betsy Dentzer

Geschichten erzielen ass eng Konscht. D'Betsy Dentzer huet dësen Don an huet hir Loscht um Geschichten erzielen zum Beruff gemaach.

Aircheck Session - Heavy Patrol

No engem éischten erfollegräichen Optakt vun den Aircheck Sessions mat der Band Tuys ass dëse Samschdeg um 17:00 eng weider Editioun - dës Kéier mat der Lëtzebuerger Blues-Band Heavy Petrol.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen