D‘Firma Anthogyr gehéiert zum internationale Grupp Straumann. Dee Grupp hätt keng finanziell Probleemer. Et géif hei just ëm strategesche Grënn goen, well de Grupp decidéiert huet, seng zwee Produktiounssitte zu Miersch an zu Menaro a Spuenien ze regroupéieren.
Den LCGB verurteelt déi radikal an unilateral Decisioun vun der Firma, déi och ganz iwwerraschend komm wier. Näischt hätt op sou eng Mesure higedeit, sou den LCGB, deen elo probéiert, e Sozialplang fir déi betraffen 29 Salariéen auszeschaffen.