Um Enn gouf een Deel vun deem, wat schrëftlech festgehale gouf - just vu 26 an net vun alle 27 EU-Länner adoptéiert. Den ungaresche Premier Viktor Orban huet bis zum Schluss refuséiert weider Engagementer vun der EU géintiwwer der Ukrain matzedroen.
EU zu 26 widderhëlt hir Ukrain-Engagementer
"Fir mech ass dat staarkt Zeechen, datt 26 Länner enger Meenung sinn an net, datt een eng aner Meenung huet", seet dozou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
An deem Text sti Saachen, déi de Viktor Orban schonn dacks mat ënnerschriwwen huet. Elo awer mat engem Donald Trump als President huet sech d'Lag fir hie geännert.
De Rescht vun der EU awer gëtt dem Wolodymyr Selenskyj dat mat op de Wee, wat him am Wäissen Haus refuséiert gouf.
Dozou gehéiert eng weider Attestatioun, datt Russland den Aggresseur am Krich géint d’Ukrain ass, an datt de Krich duerch ee gerechten a laangfristege Fridde sollt op en Enn bruecht ginn.
Zouso fir zousätzlech militäresch Hëllef
Am Text steet och, datt d'Verhandlungen doriwwer net ouni d'Ukrain dierfen oflafen, an datt et zolidd a credibel Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain musse ginn. Virun allem dat Lescht hat den Donald Trump jo wäit vu sech gewisen a gesot, et misst ee fir d’éischt een Deal maachen an dono iwwer esou Garantië schwätzen.
Et wier gutt gewiescht, datt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj perséinlech um Sommet derbäi war, esou de Luc Frieden.
"Ech mengen, datt e scho ganz frou war, datt en hei un engem Dësch souz, wou quasi jiddereen him eng extreem staark Ënnerstëtzung a Solidaritéit ausgedréckt huet. An et huet ee gesinn, datt dat dem President Selenskyj guttgedoen huet."
D’EU pocht och drop, datt ee Friddensaccord misst déi ukrainesch Onofhängegkeet, seng Souveränitéit an déi territorial Integritéit respektéieren.
Weider seet d’Europäesch Unioun der Ukrain zousätzlech militäresch Hëllef zou, ouni do konkret Chifferen oder Montanten ze nennen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas kritt den Optrag déi Hëllef ze koordinéieren.
Europäesche Plang fir opzerüsten gëtt op de Wee bruecht
D’Europäesch Unioun zu 27 dann, also mat all hire Memberstaate, versprécht, déi néideg Instrumenter op d’Been ze stelle fir d’Sécherheet an Europa ze verstäerken. De Plang fir Europa opzerüsten, deen d’Europäesch Kommissioun presentéiert hat, gëtt am grousse Ganze begréisst.
Europäesch Sue sollten esou investéiert ginn, andeems d’Demandë méi systematesch gruppéiert ginn a militärescht Material och zesummen akaaft gëtt. Zil ass et hei, d’Käschten erofzesetzen, d’Waffesystemer ënnerenee méi kompatibel ze maachen an dozou bäizedroen, datt déi europäesch Industrie besser plange kann.
Luc Frieden: EU-Länner hunn den Eescht vun der Situatioun erkannt
D’EU hätt Geschlossenheet an de grousse Linne gewisen, esou de Fazit vum Lëtzebuerger Premier. D’Länner hätten den Eescht vun der Situatioun erkannt.
De Luc Frieden sot och, d’Zukunft vun Europa wier enk un déi vun der Ukrain geknäppt. Dofir wier et wichteg, datt d’EU sech fir een dauerhafte Fridden am Land engagéiert.
Wéinst der Gefor, déi vu Russland ausgeet an der Ongewëssheet iwwer d’Strategie vun der neier amerikanescher Regierung wier et dernieft noutwenneg, datt d’EU massiv an hir eege Sécherheet investéiert.