arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2026 - Ee Joer, an deem Däitschland kéint politesch nohalteg verännert ginn

Däitschland

|
headphones

2 min

2026 - Ee Joer, an deem Däitschland kéint politesch nohalteg verännert ginn

An Däitschland stinn iwwer dat kommend Joer eng Rei richtungsweisend Landtagswalen um Programm. Am Mëttelpunkt steet virun allem d’Fro: Kritt déi rietsextreem AfD fir d'éischte Kéier d'Geleeënheet eng Regierung unzeféieren?

headphones

2 min

© picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich
(Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich)

Mam 1. Januar trieden traditionell eng Rëtsch Gesetzesännerung a Kraaft. An Däitschland gëtt zum Beispill zënter dem Joresufank a Restaurante just nach 7 Prozent TVA op Iesssaache gerechent.

Post vum Verteidegungsministère

Déi gréissten Neiegkeet vum Joer ass awer deen neie Wehrdienst. Jonk Männer a Fraen, déi elo hiren 18. Gebuertsdag feieren, kréien net just Post vun de Grousselteren, mee och vum Verteidegungsministère. Si mussen elo uginn, ob si wëlles sinn, e fräiwëllegen Déngscht an der Arméi ze leeschten.

Um politesche Plang kéint sech 2026 hei an Däitschland awer och eppes doen. Ugefaangen am Mäerz, wann a Rheinland-Pfalz an a Baden-Württemberg gewielt gëtt. 15 Joer huet zu Stuttgart de Winfried Kretschmann regéiert, als éischte Ministerpresident vu B90/Die Grünen. No dräi Legislaturperioden trëtt hien net méi un.

Dee fréiere Bundesminister Cem Özdemir soll säin Nofollger ginn. An de Sondagë sinn déi Gréng awer mëttlerweil däitlech hanner d’CDU gerutscht.

Gräift déi rietsextreem AfD no der Majoritéit?

An der Pfalz muss den Alexander Schweitzer, deen eréischt d'lescht Joer als Ministerpresident vun der Malu Dreyer iwwerholl hat, beweisen, datt hien d’Land an den Hänn vun der SPD kann halen.

Zwar ass déi rietsextreem AfD och am däitsche Westen ëmmer méi staark, am Hierscht allerdéngs kéint si am Osten - a Sachsen-Anhalt an a Mecklenburg-Vorpommern - no der Regierung gräifen. A béide Länner steet déi auslännerfeindlech Partei an de Sondagë bei bal 40 Prozent.

 Zwar kooperéiert bis elo keng aner Partei mat der AfD, ënner Ëmstänn kéint si awer eng absolutt Majoritéit kréien.

Berlin als Ausnam

D’Joer 2026 huet politesch also duerchaus Potenzial Däitschland nohalteg ze veränneren.

Just zu Berlin, wou am September och gewielt gëtt, kéint et no 3 Joer Schwaarz-Rout nees an d’Vergaangenheet goen: wéinst der staarker Lénkspartei huet Rout-Rout-Gréng an der Haaptstad wuel déi beschte Chancen.