arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2024 goufe ronn 5.700 nei Entreprisen zu Lëtzebuerg gegrënnt

Wirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

2024 goufe ronn 5.700 nei Entreprisen zu Lëtzebuerg gegrënnt

Zejoert goufen zu Lëtzebuerg 5.741 nei Entreprise gegrënnt. Bei den Demande fir d’Autorisations d’etablissement gouf et ee Plus vu 7 Prozent, par Rapport zum Joer virdrun. Déi Zuelen huet den DP-Minister Lex Delles haut virun der Press presentéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

De liberale Wirtschaftsminister bleift awer skeptesch a wëllt déi Tendenz net fréizäiteg als nei Wirtschaftsdynamik duerstellen. Hien gesäit dës héich Autorisatiounszuele kritesch. 

Bis elo hätten d’Leit zu Lëtzebuerg eng Demande gemaach, well se eng Opportunitéit gesinn hunn. Dat géif awer riskéiere sech ze änneren, seet de Lex Delles.

Méi Autorisatiounen heescht net gläich gutt Ekonomie

Et misst ee kucken, datt een net méi där Autorisatiounen aus Noutwennegkeet eraus gëtt, seet de Lex Delles.

D’Noutwendegkeet kéint zum Beispill doduerch entstoen, datt eng Persoun hir Aarbecht verluer huet an d’Selbststännegkeet déi eenzeg Optioun wier, berufflech aktiv ze bleiwen. Méi Autorisatioune géifen deemno net onbedéngt op eng gutt Ekonomie hindeiten, betount de Wirtschaftsminister.

Zejoert hätten et 819 Faillitte ginn. Dat ass ee Plus vu 24 Prozent par Rapport zum Virjoer. Déi meescht gouf et am Commerce an am Handwierk.

30 Prozent manner Leit an de Restauranten

Och eng nei Etüd vum Ministère iwwer d’Konsumverhale vun de Leit am Horeca-Secteur léisst net op eng positiv Entwécklung schléissen. Aus där Ëmfro, déi vun der Ilres realiséiert gouf, geet kloer ervir, datt d’Leit hir Ausgabe reduzéieren, erkläert de Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca.

“Well dat stellt ee ganz kloer fest, datt 30 Prozent manner an de Restaurante ginn. 16 Prozent iesse manner. Dat ass also net onbedéngt vun der Quantitéit hier, mee et ass vläicht den Dessert oder d'Entrée wechloossen, vläicht eng Fläsch Wäin, vläicht keen Aperitif méi.”

D’Majoritéit wier iwwerdeems nach ëmmer zefridde mat dem Qualitéits-Präis-Verhältnis an de Restauranten. 21 Prozent hunn awer uginn, net zefridde mat dem Verhältnis ze sinn, wat ee sech duerch déi méi héich Präisser erkläert, esou de Steve Martellini

Boissons Heintz-Brasserie Nationale

D’Horesca huet um Bord vun der Pressekonferenz och op d’EU-Decisioun reagéiert, datt d’Brasserie Nationale Boisson Heintz iwwerhuelen dierf, ënner der Konditioun datt d’Horeca Geschäft vu Boisson Heintz ofgestouss gëtt. 

Et wieren nach keng weider Detailer bekannt, esou de Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca op eis Nofro hin. Ëmmerhi mécht deen Deel 60 Prozent vum Geschäft vu Boissons Heintz aus. A wéi eng Richtung et elo geet, wier nach net gewosst.

play_arrow Lauschteren