arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 20 Joer Londoner Terror Attacken

Groussbritannien 

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

20 Joer Londoner Terror Attacken

Um 7. Juli 2005 hu sech véier Selbstmord-Attentäter am Underground an an engem Bus an d’Luucht gesprengt. D’Noutdéngschter waren deemools net op esou eng grouss Attack virbereet an de brittesche Geheimdéngscht gouf staark kritiséiert. Wat huet sech zënterdeem verännert?

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Zeitunge berichten iwwer Terrorattack zu London 2005  | © picture alliance/United Archives | WHA
Zeitunge berichten iwwer Terrorattack zu London 2005 (Foto: picture alliance/United Archives | WHA)

Dat ganzt Netzwierk vum Underground gouf gestoppt. Op der BBC heescht et: "London‘s entire underground network has been closed after an explosion at Aldgate underground station in the east of the city.

Iwwer 700 Blesséierter a 52 Doudeger

Zu dem Zäitpunkt war nach net bekannt, datt et eng koordinéiert Attack war. Deen Donneschde Moien haten 52 Mënschen hiert Liewe verluer, a méi wei 700 goufe verletzt.

D’Rettungsaktioun war lues an ineffizient an et gouf Kommunikatiounsfeeler, dat huet eng Enquête am Joer 2011 festgehale.

Ambulanze sinn zum Beispill réischt no 52 Minutten op der Plaz vun der Bus-Explosioun ukomm. Pompjeeë konnten net direkt an den Underground goen, well se net wossten, op d‘Stroumschinnen ofgeschalt wieren.

Vill Verbesserungen

Elo gi bei sougenannten ‚major incidents‘ direkt 20 Ambulanze geschéckt an et sinn op 170 Plaze ronderëm London grouss éischt Hëllef Kits verdeelt, déi och d‘Police a sou Fäll ka siche goen.

Mataarbechter:inne vum Noutdéngscht hunn elo Zougang op de Kommunikatiounsreseau vum London Underground, esou datt Hëllef besser koordinéiert ka ginn.

Mee et gouf och vill Changementer an der Politik. Déi digital Iwwerwaachung gouf e groussen Deel vun der Anti-Terror Strategie.

„Homegrown terrorists“

De Brittesche Sécherheetsdéngscht huet sech zënterdeem méi op lokal Gefore konzentréiert, well déi véier Terroristen, déi vun al-Qaeda inspiréiert waren, eeben och all Britte waren.

Et ass bemol vun „homegrown terrorists“ also „heemesch Terroriste“ geschwat ginn, an et gouf ëmmer méi Fäll vun Islamophobie an der Boulevardpress an och an der Gesellschaft. A genau wei haut goufen et och deemools polariséierend Debatten iwwer Immigratioun.

Terrorattacke goufen et zu London an de kommende Jore méi, mee keng war esou däitlech ewéi déi vun 2005.

De Méinden, um Anniversaire, erënneren sech d’Londoner jiddefalls un ee vun de schlëmmsten Deeg an hirer Stat.

play_arrow Lauschteren