arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 18 bis 21 Järeger an den Erwuesseneprisong? Okaju kritiséiert Pläng vu Regierung

Jugendstrofrecht

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

18 bis 21 Järeger an den Erwuesseneprisong? Okaju kritiséiert Pläng vu Regierung

Den Okaju kritiséiert der Regierung hir Pläng, jonk Krimineller tëschent 18 an 21 net am neie Jugendprisong ënnerzebréngen, mee direkt am Prisong zu Schraasseg. Bei der Presentatioun vu sengem Avis krut den Okaju Ënnerstëtzung vun den Oppositiounsparteien déi gréng an LSAP.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Duerch en Amendement vun der Regierung fir d’Jugendstrofrecht, géif fir jonk Erwuessener d’Recht ewechfalen, bis 21 kënnen am Jugendprisong ze bleiwen, deen den Ament nach gebaut gëtt. An anere Länner, wéi Däitschland ass dat anescht.

Et feelt nach eng gewësse Räifheet

Wann dat hei Amendement géif duerchgoen, misste Jonker, déi eng Strof ofsëtzen, op Schraasseg an de Prisong soubal si 18 sinn. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana gesäit dat och ganz kritesch.

"Mir hate vun Ufank un als LSAP gesot, datt et wichteg ass déi Spart 18-21 bäizehalen, well dat effektiv schonn Erwuessener zwar sinn, mee déi nach net eng gewësse Räiftheet hunn."

Am Jugendprisong kéinte si awer Formatioune maachen, déi hinne bei der Entloossung nei Perspektive gëtt. Bei engem Transfert op Schraasseg, géif allerdéngs de Risiko bestoen, datt dee Prozess ënnerbrach gëtt.

Zilsetzung vum Gesetz ëmgeschriwwen

Dat ënnersträicht och déi fréier Justizministesch Sam Tanson vun déi gréng. Bis 25 Joer wier ee vun der Entwécklung hier net an där nämmlechter Situatioun, wéi ee Groussjäregen. Et wier wichteg, wéi och an aneren europäesche Länner en Ënnerscheed tëschent jonken Erwuessenen an Erwuessenen ze maachen, esou déi gréng Deputéiert.

Iwwerdeems deet si sech schwéier domat, datt d’CSV-DP-Regierung d’Zilsetzung vum Gesetz ëmgeschriwwen hätt.

“Am Artikel 1, stoung dat ganz kloer dran, datt et wierklech drëms geet primär, déi Jonk duerch Diversiounsmoossnamen fortzekréien vun deem kriminelle Wee, deen en eventuell ageschloen huet an déi generell Appreciatiounen, déi stinn elo net méi am Text.“

Et wier hirer Meenung no, onnéideg, dat aus dem Text erauszehuelen a si hofft, datt en nees dra gesat gëtt, esou nach d‘Sam Tanson.

Mineure soll sech net selwer ëm en Affekot këmmere mussen

Den Dan Biancalana kritiséiert och, datt déi viregt Grondausriichtung aus dem Projet erausgeholl gouf. Iwwerdeems wier et immens wichteg, datt e Mineur obligatoresch en Affekot gestallt kritt, deen op Kannerrecht spezialiséiert wier. Et kéint net sinn, datt e Mannerjäregen a sou enger Situatioun sech selwer misst ëm een Affekot këmmeren.

Dat war och ee vun de Punkten, déi den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit a sengem Avis ervirgehuewen hat.

Et ass nach net gewosst, wéini d’Chamber de reforméierten Text stëmme kéint. De Kommissiounspresident Laurent Mosar huet haut och nach proposéiert de Parquet zu deem Projet an der Kommissioun ze héieren.

play_arrow Lauschteren