arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 18 Mol d'Wourecht net gesot: Ex-Gendarmeriesresponsabelen Harpes am Fokus

Zweete Bommeleeër-Prozess

|
headphones

1 min

18 Mol d'Wourecht net gesot: Ex-Gendarmeriesresponsabelen Harpes am Fokus

De fréieren héije Responsabele vun der Gendarmerie Aloyse Harpes stoung am Fokus vum drëtten Dag vum zweete Bommeleeër-Prozess um Stater Geriicht. Den deemools zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire huet erkläert, datt den Ugekloten am éischte Bommeleeër-Prozess 18 Mol gelunn hätt.

headphones

1 min

© Archiv
(Foto: Archiv)

Hien hätt d’Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Ben Geiben, Jos Steil, Marc Scheer a Jos Wilmes als Bommeleeër genannt, mee d’Geriicht hätt hien am 1. Prozess net verstanen: Dat sot de fréiere Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes den zoustännegen Enquêteuren am Juli 2017, bei enger Perquisitioun beim Mann doheem.

"E grousse rosaen Elefant"

Um 3. Dag vum zweete Bommeleeër-Prozess gëschter um Mëttwoch huet den deemools zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire donieft betount, datt den Aloyse Harpes am 1. Prozess 18 Mol net d’Wourecht gesot hätt.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Hirsch, Affekot vum Ugekloten aus dem 1. Prozess Marc Scheer, gefrot, datt am zweete Prozess 3 weider Zeie sollte gehéiert ginn, dorënner den Ex-BMG-Chef Ben Geiben.

"Den Här Geiben kënnt, wann ech mech elo richteg erënneren, 569 Mol am Requisitoire vum Parquet vir. Hie kënnt op méi wéi der Hallschent vun alle Säite vum Requisitoire vum Parquet vir. Et ass dee gréisste rosaen Elefant, dee jee an iergendwéi engem Geriichtssall an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Justiz do stoung, an da soll hien hei elo net erakommen? Dat schéngt menger Usiicht no ganz komesch."

D’Demande vun der Defense vun den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes gouf allerdéngs vun de Riichter zeréckgewisen.