Afghaneschen Informatiounen no, wiere bei den neien Attacke vun der pakistanescher Loftwaff am Grenzgebitt vun Afghanistan 18 Mënsche gestuerwen.
Zivil Affer oder Terroristen?
Afghanesch Staatsmedie schwätze vun nëmmen zivillen Doudesaffer.
Pakistan no, wieren et Attacken op siwen Terror-Lagere vun den Taliban a vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) gewiescht. Et hätt sech ëm eng Revanche fir rezent Suicide-Attentater bei der pakistanescher Haaptstad Islamabad gehandelt.
D’Informatioune vu béide Säite loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen, notéiert d’Noriichtenagence DPA.