De Chômagetaux blouf am Abrëll stabel. Ronn 17.600 Persoune waren op der Sich no enger Aarbecht. Dat waren der 2.266 méi wéi virun engem Joer a mécht eng Hausse vu bal 15 Prozent aus. Déi gréissten Haussë ginn et am Bausecteur, am Finanz- an Immobiliesecteur an an der Industrie.
Och d‘Zuel vun den disponibele Plaze beim Aarbechtsamt ass eropgaangen. Am Abrëll goufen iwwer 3.300 fräi Aarbechtsplazen deklaréiert, dat ass eng Hausse vun iwwer 13 Prozent par rapport zu Abrëll d‘lescht Joer.
Bei den neien Inscriptioune bei der ADEM gëtt et eng Hausse vun iwwer 18 Prozent. 2.536 Residenten hu sech am Abrëll nei bei der ADEM ageschriwwen.
De Chômagetaux bleift onverännert bei 5,6 Prozent, esou ADEM a Statec.