Dat waren der 24 méi, ewéi de Mount virdrun awer och 23 Leit manner wéi am September zejoert. Déi meescht Demande, nämlech 57, koume vu Leit aus Eritrea.
14 Demandë goufe vu Leit aus Venezuela gemaach, 9 aus dem Sudan.
An 68 Fäll gouf e Flüchtlingsstatut unerkannt. Et goufen och 118 Demandë fir temporärer Schutz gemaach. 111 dovunner koume vu Leit aus der Ukrain.