15.7. Mäin Europa: Tourismus an der Groussregioun

15.7. Mäin Europa

Déi europäesch Hotellen hoffen no de Confinementer op e Summer vun der Relance, mee wéinst den Arees-Restriktiounen an den Hygiènesmesurë muss de Secteur sech ëmstellen. Déi lokal Clientèle soll méi ugezu ginn: Lëtzebuerg adresséiert sech mat enger Campagne zum Beispill un Touristen aus der Groussregioun.

Fir eis Serie Mäin Europa huet d'Maxi Pesch am Secteur nogefrot an ass och op Kritik un der EU-Kommissioun gestouss.

Mäin Europa: Mëttwoch, den 15.7. um 9:40 an 13:40 

 

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen