arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 11 Mënsche stierwe bei enger amerikanesche Militärattack op e Schmugglerschëff

Südkaribik

|
headphones

1 min

11 Mënsche stierwe bei enger amerikanesche Militärattack op e Schmugglerschëff

Bei enger Attack vum US-amerikanesche Militär op ee Schmugglerschëff an der Südkaribik koumen dem US-President Donald Trump no 11 Mënschen ëm d'Liewen.

headphones

1 min

Den Donald Trump sot, d'Schëff hätt Drogen aus Venezuela an d'USA wëlle bréngen a wier vun engem venezuelaneschen Drogekartell bedriwwe ginn.

D'Attack wier an internationale Gewässer gewiescht an et wier keen amerikaneschen Zaldot ënner den Affer, esou nach den Donald Trump.