11.1. Wéi dréit d'Musek zur Entwécklung vum Kand bäi?

Webinaire_SCRIPT_Museksunterricht.jpeg

Wéi gëtt Musek am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner vun der Rentrée 2022 u soll gratis sinn? Dës an aner Froe stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, deen d'Direction générale de l'Enseignement musical vum Educatiounsministère, de SCRIPT a radio 100,7 den 11. Januar 2022 vu 14.30 bis 16.00 proposéieren.

Am Studio sinn:

  • D'Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der UGDA.
  • De Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical vun der Regierung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère.
  • De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire
  • De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Departement vun der Philharmonie

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d'Stëmme vu Museksschüler.

Diskutéiert mat a schéckt Är Froen am Zesummenhang mam Museksunterrecht zu Lëtzebuerg elo schonn op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44.

De Webinaire "Museksunterrecht zu Lëtzebuerg" vum SCRIPT zesumme mam radio 100,7 - dësen Dënschdeg, 11.1. tëschent 14:30 a 16:00 um radio 100,7 an am Livestream den Dag selwer op eiser Internetsäit.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen