arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 106 Demanden op international Protektioun am Mount Juni

Migratioun

|
reading time

1 min

106 Demanden op international Protektioun am Mount Juni

Zu Lëtzebuerg goufen am Mount Juni 106 Demanden op international Protektioun gemaach. Déi Zuelen deelt den Innenministère mat. 24 dovunner komme vu Leit aus dem Eritrea, 9 vu Persounen aus dem Afghanistan, an ënner anerem och nach 7 aus Kolumbien.

reading time

1 min

Am Juni goufen op där anerer Säit 60 Demanden accordéiert.

Am Juni hunn am Grand-Duché och 87 Leit eng Demande fir eng temporär Protektioun gemaach. 75 vun hinne kommen aus der Ukrain a 5 weiderer aus Armenien. An deem Mount goufen och 72 temporär Protektiounen accordéiert.