100 Gedichter, 100 Deeg, 100 Sekonnen

100 Gedichter

Vu méindes bis sonndes, all Dag um 10:50 a 17:23

De radio 100,7 presentéiert zesumme mat der Associatioun Les Amis d'Edmond Dune an dem
Centre national de littérature: 

100 Gedichter, 100 Deeg, 100 Sekonnen  

Vum 16. September bis de 24. Dezember héiert Dir um radio 100,7 all Dag ee Gedicht vun engem Lëtzebuerger Auteur.
Déi 100 Gedichter an de véier Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch si vun 20 renomméierten Dichter, déi sech an der Lëtzebuerger Lyrik en Numm gemaach hunn. D'Auteure liesen hir Gedichter selwer vir. De verstuerwene Kënschtler léinen d'Mataarbechter vum radio 100,7 hir Stëmm.

Dir héiert Wierker vun: Lambert Schlechter, Jean Portante, Nathalie Ronvaux, Hélène Tyrtoff, Florent Toniello, Paul Mathieu, Tom Nisse, Nico Helminger, Guy Helminger, Pierre Joris, André Simoncini, Ulrike Bail, Roland Harsch, Carla Lucarelli, Anise Koltz, Edmond Dune, José Ensch, Liliane Welch, Jean-Paul Jacobs a Jean Krier.

De Projet gouf vu Les Amis d'Edmond Dune zu Éiere vum zéngjärege Bestoe vun hirer Associatioun initiéiert. 

Lauschtert all d'Gedichter nach eemol hei.

 

 

 

 

Programm

Praktesch Infoen

  • 31.5. Schengener Gespréicher

    31.5. Schengener Gespréicher

    D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen