search

/ 100,7 x MUDAM // Mixtape Lab: Curating Sound & Identity

An eegener Saach

|
reading time

1 min

100,7 x MUDAM // Mixtape Lab: Curating Sound & Identity

De Radio 100,7 an de MUDAM invitéieren op de Mixtape Lab de Samschden 18. Juli.

reading time

1 min

Cally Kerschen & Yves Stephany | © Radio 100,7
Cally Kerschen & Yves Stephany (Foto: Radio 100,7)

De Mixtape Lab ass den éischte Workshop am MUDAM sengem Summer Projet “The 80’s as a Stage”. D’Cally Kerschen an den Yves Stephany huelen iech mat op eng Rees duerch d’Musek vun den 1980er Joren. De Workshop baut sech op 6 Theemen op: De Museksstudio als Maschinn, d’Angscht virum Kale Krich, Gender an Androgynitéit an der Popmusek, Konsumgesellschaft an d’Yuppie-Kultur, Punk an Hip-Hop als Géigekultur souwéi d’Ufäng vun House- an Techno-Musek. No all Kapitel gëtt et eng oppen Diskussioun, bei där d’Participanten ageluede sinn, hir eege Lidder an d’Playlist anzebréngen, déi sech am Laf vun der Session weiderentwéckelt. Wéi kléngen dës Lidder haut, wa se duerch aner Produktiounstechniken, nei Arrangementer oder Gesang nei interpretéiert ginn?

Direkt virum MUDAM, am Schiet ënner de Beem – an d’Bar ass déi ganz Zäit op!

Kommt laanscht, lauschtert eran an diskutéiert mat! Dobäi sinn ass zu all Moment méiglech.


Wéini?

18.07.2026 // 14:30–16:30


Wat?

Workshop / Listening Session


Wou?

MUDAM & Parc Dräi Eechelen